Déi roud Sportshâl an der Merten ass ab elo bis minimum Enn vum Joër fir all Compétitiounen zou, well den Buedem an der Sportshâl komplett nei gemaach muss gin. Bis den Ufank vun den Arbichten wäerten awer nach Traininger können oofgehaalen gin, do wou den Buedem keng Blosen an Wellen werft.
Grond fir dës dréngend Arbichten ass, dass beim Donnerwieder an Staarkréen vum 8. September Waasser an d’Hâl agedrongen ass an an d’Ënnerconstructioun vum Buedem gezunn ass, wou d’Holz elo opquöllt.
Dës Fermeture bréngt fir eisen Veräin gréisser Problemer mat sëch, waat eis Héem-Mätcher ugeet.
Fir dësen Weekend hun mir d’Héem-Recht mat der Red Boys getosch, sou dass eis Dammen ën Sonndeg an eis Häeren ën Samsdeg zu Uewerkuer am Centre Sportif John Scheuren spillen. Mir soën den Responsablen vun der Red Boys MERCI, dass si bereet waren, esou kuerzfristig eng Léisung mat eis ze fannen.
Waat déi nächst Mätcher ugeet, wäerten mir probéieren, sou laang mir keng Ersatzhâl hun, siew ët d’Héemrecht ze dréinen, oder d’Mätcher eventuell op spéider auszesetzen.
Mir bieden eis Spiller an Spillerinnen, Memberen an Frënn vum CHEV Handball ëm Verständnis an fir um Laafenden ze bleiwen vun den Mätcher, den Spillprogramme am Aan ze behâlen fir all d’Ännerungen ze gesin.