Manifestations

60. Anniversaire (1964 – 2024)

Samsdeg, 16.11.2024

 

Den Samsdeg, 16. November ab 19h30 feiert den CHEV Handball Dikrich säin 60-jährigen Jubiläum an der Dikricher Sportshâl.

 

Mir invitéieren all eis Memberen, Spiller(innen) an Anciens op eis Réceptioun fir ë puer flott Momenter zesummen ze verbréngen.

 

Mir géifen eis frée’en, wann Dir Iech géift umelden, sou dass mir dës Feier besser plangen können.

 

Umelden ass ganz einfach méiglig iwwert den Formular.

 

Dikrich feiert den Esel

Enn Mée – Ufank Juni

 

Mir Grillen am Park an maachen Fritten

20. Boys’ Cup

Samsdeg, 07.06.2025

 

Internationalen Tournoi fir eis Equippen U13 Jongen an U17 Jongen an der Dikricher Sportshâl

Weider Infos op https://boyscup.chev.lu/

21. Girls’ Cup

Sonndeg, 08.06.2025 & Méindeg 09.06.2025

 

Internationalen Tournoi fir eis Equipe U16 Méedercher an der Dikricher Sportshâl

Weider Infos op https://girlscup.chev.lu/

Virowend vun Nationalfeierdaag

Sonndeg, 22.06.2025

 

Um Virowend vun Nationalfeierdaag sin mir ab 19.00 Auer mat engem Gedrénks- an Grillstand op der Kluuster mat dobäi.

Um 22.15 Auer sin mir och beim Fakelzuch vertrueden.

Generalversammlung

Enn Juni

Den Comité vum CHEV Handball Dikrich invitéiert all seng Memberen op hier Generalversammlung am Festsall vun der Nouvelle Ecole Primaire.

Kiirmes an Al Dikkrich

Freideg, 11.07.2025 – Dënsdeg, 15.07.2025

 

Al Dikkrich ass fir eisen Veräin déi gréissten Einnahmequelle vum Joër, ouni déi mir nët kéinten bestoën. Fir dës 5 Deeg ze packen bieden mir am Viraus schons all Spiller(innen), Memberen an Frënn vum CHEV Handball Dikrich, eis hei kräftig ënnert d’Arm ze gréifen.

Freides, Samsdes an Dënsdes gin op all Schicht tëschend 20 an 25 Leit gebraucht.

Kid’s Day

Samsdeg, 19.07.2025

 

Handball Atelier am Park. Mir présentéieren eisen Veräin.

Season-Opening mat Sponsors-Laaf

Sonndeg, 14.09.2025 oder Sonndeg, 21.09.2025

 

Fir déi nei Saison an ze lauden, invitéieren mir eis Spiller(innen), Memberen an Frënn fir beim Sponsorslaaf vill Ronnen ze laafen an Suën fir eisen Veräin ze sammlen.

Nom Sponsorslaaf ass mat Iessen an Drénken fir déi néideg Stäerkung gesuergt.

Chev Partenaires