Den Ufank vun der neier Saison könnt lues an lues méi no; eis Dammen an Häeren hun schon kuerz no Al Dikkrich mam Training ugefaangen, an och eis U15 Jongen an U15 Méedercher sin elo rezent an d’Préparatioun gestart.
Déi weider Jugendéquipen starten mat hieren éischten Traininger Ufank September (Detailer kommen no).
Du bas nach nët Member beim CHEV Handball an du wëlls gäeren eis schéin Sportart ausprobéieren?
Dann maach een Mail op office@chev.lu fir weider Informatiounen ze kréien.
Mir fréé’en eis op dëch.
Häeren 1: Weekend 6/7.09 – CHEV – Esch
(gët verluegt wéinst Coupe d’Europe vun Esch)
Häeren 2: Weekend 27/28.09 – Red Boys 3 – CHEV
Dammen 1: Weekend 6/7.09 – Redange 1 – CHEV
U15 Garçons: Weekend 27/28 – CHEV – Mersch75
U15 Filles: Weekend 6/7.09 – CHEV – Museldall
(gët op Ufro vum Museldall verluegt)
U13 Mixtes: Weekend 27/28.09 – Red Boys – CHEV
U11 Mixtes: Weekend 11/12.10 – Tournoi 1
U9 Mixtes: Weekend 04/05.10 – Tournoi 1
Den definitiven Programme mat allen Mätcher gët ëm den 25. August public gemaach.
Wéinst gréisseren Renovatiounsarbichten an der rouder Sportshâl bis virausiichtlich den 13. September, ass d’Reprise an d’Organisatioun vun den eenzelnen Traininger nët esou einfach an ët kann zu kuerzfristigen Ännerungen kommen.
Fir Infos zu den aktuellen Trainingsstonnen können Trainer kontaktéiert gin, respektiv per E-Mail op office@chev.lu.