Cours SBO/Chronométreur

Och dës Saison organiséiert d’RefCom nees Course fir SBO/Chronométreur. Ouni eis Fräiwëlliger, déi um offiziellen Dësch sëtzen, fir d’Auer mam Score ze maachen oder am Laptop alles anzedroën, könen mir kéng Mätcher spillen.

Folgend Datumer stin zur Verfügung:

 

Samsdeg den 20. September 2025 vun 09h30 – 12h00 zu Miersch (Krounebierg – 11, rue de la Piscine L-7572 Mersch) op Lëtzebuergesch

 

Mëttwoch den 24. September 2025 vun 19h00 – 21h30 zu Stroossen (Maison des Sports / Salle 4 – 3, route d’Arlon L-8009 Strassen) op Franséisch

 

Samsdeg den 27. September 2025 vun 09h30 – 12h00 zu Esch/Lalleng (Centre Omnisports Henri Schmitz – 34 Bd Hubert Clément, 4064 Esch-sur-Alzette) op Lëtzebuergesch

 

Umelden ass ganz einfach méiglig per E-Mail op office@chev.lu.

Chev Partenaires