MANIFESTATIOUNEN

An den nächsten Wochen stin an eisem Veräin mam Virowend vun Nationalfeierdaag, Eselsfest, Generalversammlung an Al Dikkrich nach eng ganz Réi un Manifestatiounen um Programme, wou mir och op Mathëllef vun eisen Spiller an Spillerinnen, Memberen an Frënn vum CHEV Handball ugewisen sin.

Virowend vun Nationalfeierdaag

Den Méindeg, 22. Juni um Virowend vun Nationalfeierdaag sin mir wéi gewinnt ab 19.00 Auer mat engem Grill- an Gedrénksstand op der Kluuster vertrueden. Ab 16.00 Auer wäerten mir eisen Stand préparéieren.
Um 22.30 Auer gin mir och mam Fakelzuch mat. Rendez-vous um 22.00 Auer beim Stand vum CHEV Handball.
Mir frée’en eis elo schon all eis Frënn, Memberen an Spiller an Spillerinnen ze gesin.

Umelden fir ze hëllefen ass méiglig per E-Mail op office@chev.lu.

PROGRAMME: https://www.facebook.com/events/809476995429150/

Eselsfest

Den Samsdeg, 27. Juni dréint sëch an Dikrich den ganzen Daag alles rondrëm den Esel.

Mir sin vun 10.00 – 18.00 Auer am Parc mat engem Grillstand vertrueden, wou mir Iech mat enger gudder Grillwurscht an enger gudder Portioun Fritten verwinnen.

Umelden fir ze hëllefen ass méiglig per E-Mail op office@chev.lu.

Generalversammlung

Den Freideg, 3. Juli invitéiert den CA vum CHEV Handball all seng Memberen, Spiller an Spillerinnen op seng Generalversammlung um 19.30 Auer am Festsall vun der Primärschoul (Place Stehres).

Fir eisen Comité ze verstäerken, können déi nei Candidaturen ganz einfach per E-Mail un office@chev.lu geschéckt gin.

Den Détail vun der Generalversammlung fannt dir ënnert folgendem LINK: INVITATION ASSEMBLEE GENERALE

 

Al Dikkrich

Vum 10. – 14. Juli feieren mir nees daat schéinsten Fest vun der Welt, Al Dikkrich.

Fir dass mir Al Dikkrich packen, brauchen mir ganz vill Hëllef während deenen 5 Deeg vun all eisen Memberen, Spiller an Spillerinnen an Frënn vum CHEV Handball.

Besonnesch Freides, Samsdes op der Spéitschicht esou wéi Dënsdes den ganzen Owend brauchen mir minimum 20 Leit pro Schicht.

Umelden an weider Infos ënnert AL Dikkrich op eisem Internet-Site.

Chev Partenaires