Bei eisen Jugendéquipen fänkt elo och den Training lues an lues un.
Trainingsufank bei den U13 Jongen an U13 Méedercher mat den Traineren Tim Junker an Patrick Fasbinder.
Hei ass den 1. Training den Méindeg, 24.08 um 17.00 Auer um Stadion.
Duerno stin den Mëttwoch, 26.08 an Freideg, 28.08 ëmmer 17.00 Auer um Stadion um Programme.
Fir weider Infos betreffend Traininger könnt Dir Iech gäeren per E-Mail op office@chev.lu un eis wenden.
Den Trainingsufank vun eisen Jugendéquipen U11, U9 an U7 wäerten mir och déemnächst public maachen.