Stage Dames 1 mat Mätcher

E flotten an intensiven Handball-Stage läit hannert eiser Dammen Equipe! 💙

Si hunn zwou Nuechten an der Jugendherberg zu Befort verbruecht an haten nieft dem Training och vill Geleeënheet, als Ekipp zesummenzewuessen, ze laachen an eng flott Zäit zesummen ze verbréngen. ❤️

Nieft dem sportlechen Deel stoung och d’Thema Ernährung am Sport um Programm. Den Här Gauthier Mathieu – Diététicien, spécialisé dans la nutrition du sportif – huet eiser Ekipp an engem interessante Virtrag vill wäertvoll an nëtzlech Tipps mat op de Wee ginn. 🥗🍎💧

Natierlech koum den Handball och net ze kuerz! 🤾‍♀️🔥
Si hunn e klengen Tournoi géint HSG Wittlich an den HB Esch gespillt. Dat war eng gutt Geleeënheet, fir dat am Training Geübten ënner Matchbedéngungen ëmzesetzen an weider un hierem Zesummespill ze schaffen.

No dësem Stage sin si motivéiert a voller Energie, fir sëch weider op déi nei Saison an der Axa-League virzebereeden! 💪🔥

E grousse Merci un all déi, déi dëse Stage méiglech gemaach hunn, a besonnesch un eis Spillerinnen fir hiren Asaz, hir Energie an de super Teamspirit! 💙🤾‍♀️

Vill Foto’en vum Stage an vun den Mätcher sin ze fannen an eiser Rubrik « Photos »

Chev Partenaires