Léif Elteren, Spiller(innen), Memberen an Frënn vum CHEV Handball
Vum 7. – 9. Juni 2025 organiséieren mir nees eisen traditionellen Boys‘ Cup & Girls‘ Cup an der Dikricher Sportshâl, wou mir nees vill international Equippen op Besuch hun. Hei brauchen mir natirlich och vill Hëllef, dass mir den Päischtweekend gudd iwwert d’Bühn kréien.
Wann Dir bereet wärt fir dem Comité d’Organisation ze hëllefen, dann fëllt w.e.g. eisen Chargen-Ziedel aus, wéini Dir kënnt eng Hand upaken an wou, an gitt dann den Ziedel sou séier ewéi méiglig un den Ben FLIES zréck oder per E-Mail op tournois@chev.lu bis spéitestens den 25. Mée 2025.
Et ass och méiglig sëch iwwert Google-Forms (https://forms.gle/kxbexNTiJt6KzYP66) unzemelden.
Mir soën Iech Alleguerten am Viraus schon een groussen MERCI.