Cours Secrétaire/Chronométreur

Et gin nees Cours’en vun der RefCom fir Secrétaire/Chronométreur ugebueden, fir bei den offiziellen Mätcher den Dësch duerfen ze maachen.

Bei den Matcher vun eisen Equipen (Jugend an Senioren) brauche mir reegelméisseg d’Ënnerstëtzung vun den Elteren an Memberen um offiziellen Dësch. Do geet et drëms, de Computer (SBO) ze bedéngen an d’Anzeigetafel ze maachen.

Fir datt mir daat gutt organiséiert kréien an nët ëmmer op déi selwecht Leit zeréckgräife mussen, géife mir eis freeën, wann sëch e puer Eltere an Memberen bereet erklären, un engem Cours Secrétaire/Chronométreur vun der RefCom deelzehuelen.

Dëst ass eng kleng, awer ganz wichteg Hëllef fir eise Veräin an virun allem fir eis Spiller(innen). Wann d’Elteren an Membren eis hei ënnerstëtzen, kënne mir de Spillbetrib vun eisen Equipen besser organiséieren an zesummen dozou bäidroen, datt den (Jugend)-Handball beim CHEV Dikrich weiderentwéckelt a gefërdert gëtt.

Wann sech genuch Elteren an Memberen mellen, kënne mir probéieren, de Cours direkt zu Dikrich ze organiséieren.

Wann Dir Interesse hutt, mellt Iech w.e.g. iwwert den Online Formular.

Villmools Merci fir ären Engagement an är Ënnerstëtzung!

Umeldeformular COURS Secrétaire/Chronométreur


    * Champs requis

    Chev Partenaires