Den Sonndeg, 20. September organiséieren mir nees eisen Season-Opening mat Sponsorslaaf um Stadion fir eis Spiller(innen), Memberen an Frënn vum CHEV Handball Dikrich.
Mir géifen eis frée‘en, Iech all op eisem Saison-Opening dobäi ze hun an ë puer flott Stonnen zesummen ze verbréngen.
Um 10.00 Auer start eisen Sponsorslaaf, wou eis Spiller an Spillerinnen (Jugend, Dammen an Häeren) an och Elteren um Stadion laafen an wou mir hoffen, dass si gudd vun hieren Familljen an Frënn gesponsort gin, siew daat pro Ronn oder mat engem festen Betrag.
D‘Fiche fir d‘Sponsoren ze sichen könnt Dir iwwert folgenden Button rooflueden an den Sonndeg um Season-Opening oofgin.
Ab 11.30 Auer verbréngen mir dann ë puer flott Momenter bei engem gudden Patt an enger gudder Wurscht vum Grill.
Iessen an Gedrénks ass alles offréiert.
Mir géifen eis frée‘en, wann Dir Iech bis den Freideg, 18.09.2026 – 12.00 Auer iwwert eisen Online-Formular umellt,
dass mir besser plangen können.
Wien gäeren eng Zalot oder een Dessert wëllt matbréngen, kann eis daat och mam Formular matdéelen iwwert folgenden Button: