Al Dikkrich 2026

Léif Spillerinnen an Spiller, Memberen, Elteren an Frënn vum CHEV Handball

Al Dikkrich 2026 ass Geschicht, an mir hun ët nees zesummen zu engem schéinem Fest gemaach.
Et ass gefeiert gin an ët ass vill geschafft gin an mir sin mam provisorischen Resultat och ganz zefridden.

Elo, wou déi letzt Wonnen vun den Ustrengungen geleckt sin, wollt ëch am Numm vum Comité vum
CHEV Handball Iech op dëser Plaatz een groussen MERCI soën, dass Dir eis während den 5 Deeg esou gudd ënnerstëtzt hutt.
Ouni dës Hëllef kéinten mir Al Dikkrich nët zu dem maachen, waat ët ass.
Insgesamt haaten mir op den 5 Deeg ronn 260 Plagen besaat, wou déi eenzel Leit entweder 1 Schicht oder och méi Schichten geschafft hun.

Al Dikkrich ass eng grouss Manifestatioun an ët ass schwéier, dass alles perfekt oofleeft.
Mir vum Comité gin sëcherlich ëmmer eist Bescht, fir alles esou gudd ët geet en place ze setzen.
Mir géifen awer och gäeren vun Iech héieren, waat mir eventuell nach kéinten verbesseren.
Sollt Dir Ureegungen un eis hun, dann mailt eis déi gäeren per E-Mail op aldikkrich@chev.lu eran.

Elo schon free’en mir eis zesummen mat Iech op Al Dikkrich 2027 vum 9. – 13. Juli.

Chev Partenaires