En Donneschdeg Owend huet den Philippe Hansen als neien Dammen-Trainer ënnerschriwwen an wäert mat grousser Motivatioun den Neiopbau vun eisen Dammen an d’Hand huelen. Den Paul Krack wiesselt seng Funktioun an gët Coordinateur am weiblichen Beräich.
Den Philippe huet an sämtlichen Jugend-Equippen bei eis am Veräin gespillt an war och een wichtigen Spiller bei eisen Häeren 1. Als Jugend-Trainer an Co-Trainer vun den Dammen war hien och aktiv an ass aktuell dobäi den Trainer C-Schäin ze maachen.
Mir wënschen dem Philippe an senger neier Funktioun vill Freed an Erfolleg.