HËLLEF FIR BEIM BOYS’ & GIRLS’ CUP

Um Päischtweekend gët nees vill Handball an der Dikricher Sportshâl gebueden. Den Samsdeg, 18. Mée ass den 19. Boys’ Cup fir U13 Mixtes an U17 Jongen an den Sonndeg, 19. & Méindeg,  20. Mée ass ët um 20. Girls’ Cup fir U18 Méedercher.
D’Virbereedungen laafen op Héichtouren an d’Aschreiwungen vun den Equipen sin oofgeschloss.

Natirlich brauchen mir mir während dem Päischtweekend och Hëllef beim Boys’ an Girls’ Cup. Weider Detailer gin ët ënnen op dëser Säit.

19. BOYS’ CUP powered by IMMO LEO

Equipen U13 Mixtes:
– HSG Wittlich (D)
– Strasbourg Sud HB (F)
– HC Kraainem (B)
– CHEV Diekirch (L)

Equipen U17 Jongen:
– HSG Wittlich (D)
– Strasbourg Sud HB (F)
– US Melun Dammarie (F)
– CHEV Diekirch (L)

Weider Infos zum Boys’ Cup:
– Internet: boyscup.chev.lu
– Facebook: boyscupdiekirch
– Instagram: boyscupdiekirch

20. GIRLS’ CUP powered by IMMO LEO

Equipen U18 Meedercher:
– Young Black Arrows (B)
– HSC Schweich (D)
– MTV RW Dinslaken (D)
– TS Rodalben (D)
– HBC Durtal (F)
– Paris Saint-Germain HB (F)
– Val de Moder (F)
– Yutz Handball (F)
– FLH Luxembourg (L)
– CHEV Diekirch (L)

Weider Infos zum Boys’ Cup:-
– Internet: girlscup.chev.lu
– Facebook: girlscupdiekirch
– Instagram: girlscupdiekirch

Hëllef gebraucht

Am Boys’ Cup an Girls’ Cup stëcht schon iwwert déi ganz Saison vill Arbicht, déi den Comité d’Organisation gäeren fir seng Jugendspiller(innen) op sëch hëllt. Mat allen Chargen, déi virun, während an nom Päischtweekend ufaalen, sin mir op d’Mathëllef vun allen Elteren, Spiller(innen) an Frënn vum CHEV ugewisen, fir dass mir dësen Weekend zu engem richtigem Handballfest fir eis Jugend können maachen.

Wann Dir bereet wäert fir dem Comité d’Organisation ze hëllefen, dann fëllt w.e.g. den Online-Formular aus, wéini Dir kënnt eng Hand upaken an wou bis spéitestens den 1. Mée 2024 oder Dir könnt den Formular erooflueden an un den Tony Lopa zréck gin oder per E-Mail op tournois@chev.lu zréckmailen bis spéitestens den 3. Mée 2024.

Chev Partenaires