Al Dikkrich 2024 – MERCI – MERCI – MERCI

Vum 12. – 16. Juli hun mir zesummen Al Dikkrich gefeiert. Et waren schéin Momenter, ët war eng gudd Ambiance hannert den Comptoir’en an eis Memberen an Frënn hun während deenen 5 Deeg gudd geschafft, och wann ët mat Zäiten mol méi stressig war.

Mir wëllen op dëser Plaaz all eisen Memberen an Frënn vum CHEV Handball een groussen MERCI soën, dass Dir eis esou gudd gehollef hutt.

Och wéi den letzten Béier gezaapt war, sin eis Leit bliwwen, fir nach Këschten ze schleefen an hëllefen ze raumen, sou dass mir Moies um 6 Auer Al Dikkrich schon konnten verloossen.

Daat war einfach TOP! MERCI – MERCI – MERCI

Al Dikkrich 2024 ass Geschicht an den Datum vun Al Dikkrich 2025 ass bekannt.

11. – 15. Juli 2025

Chev Partenaires