Ticket-Verkaaf fir 1/2 Finale Coupe

Den 25. Abrëll spillen eis Dammen um 18.30 Auer an der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg an der Coque géint den Handball Käerjeng.

Mir géifen eis frée’en, wann mir an der Coque den Bloc E ganz an BLO kéinten gefëllt hun, fir eis Dammen kräfteg ze ënnerstëtzen.

Den Präis vum Ticket fir eng Sëtzplaatz ass 20 € fir Erwuessener an 10 € fir Kanner an Jugendlicher (6 – 18 Joër). Kanner ënnner 6 Joër sin GRATIS, mussen awer um Schouss vun den Elteren sëtzen.

Mir maachen och T-Shirten fir den Final 4 zum Präis vun 15€, deen Dir direkt mat Äerem Ticket könnt bestellen.

Fir Äer Commande ze maachen braucht Dir just den Formular auszefëllen an een Virement op eisen Konto bei der Post ze maachen. Soubal den Virement bei eis ugewisen gët, kritt Dir Ticketen per E-Mail geschéckt.

CCPL: IBAN LU48 1111 0930 3613 0000
COMMUNICATION: FINAL 4 2025

Chev Partenaires