Supporter-Kaart Saison 2024/25

Den 7. September ass d’Championnat 2024/25 mam Héem-Mätch vun eisen Dammen an der Dikricher Sportshâl géint d’Red Boys gestart.

Och an der neier Saison zielen eis Dammen an Häeren op Äer Ënnerstëtzung op den Mätcher.

Duerfir proposéieren mir eisen Memberen an Frënn nees eng Supporter-Kaart zum Präis vun 125€ fir all d’Championnats-Mätcher vun eisen Dammen an Häeren an der Dikricher Sportshâl ze kucken.

Dir könnt d’Supporter-Kaart ganz einfach per E-Mail op office@chev.lu bestellen an eng Iwwerweisung op den CHEV Konto vun der BCEE LU46 0019 3000 0359 2000 maachen oder an der Entrée vun der Sportshâl froën.

Chev Partenaires