90er Party @ Al Seeërei

Den 15. Oktober ass ët nees un eiser 90er Party an der Aler Seeërei zesummen mat eisem Partner Good Times Luxembourg. Nom Succès vum letzten Joër hoffen mir, och bei dëser Editioun d’Al Seeërei bis op déi letzt Plaaz ausverkaaft ze hun.

Duerfir maachen mir een Opruff un all eis Memberen an Frënn, fläisseg Reklam ze machen an eis deen Daag hëllefen ze kommen.

Facebook: https://bit.ly/3dvk5Ol

Kuck emol op deng G-Shock Auer! Et ass endlech erëm Zäit fir d’Dikricher 90er Party mam CHEV Dikrech. Fidder däin Tamagotchi a feier de 15. Oktober mat eis op der Danzpist an der aler Seeërei zu Dikrech.
D’DJs vu Good Times Luxembourg (bekannt aus dem Melusina an der Stad) hunn all d’90er Hits & d’Original-Videoclips am Gepäck.
Mindestalter: 18 Joer
21.00 – 03.00
Tickets: cake.lu/dikricher90s
Al Seeërei
Rue de l’Industrie
L-9250 Diekirch

Chev Partenaires