Lëtzebuerg – Kroatien

Wann Dir den 9. November wëllt dobäi sin an der Coque, wann d’Lëtzebuerger Häeren géint Kroatien spillen, dann kaaft elo schon Äeren Ticket am Virverkaaf.
Et gët staark domadder gerechent, dass d’Coque deen Owend ausverkaaft ass.
D’Frënn an Memberen vum CHEV Handball Dikrich können den Promocode per E-Mail ufroën op office@chev.lu.

LËTZEBUERG 🇱🇺🇭🇷 KROATIEN

Men’s EHF EURO 2026 Qualifiers Phase 2
Samschdes 9️⃣. November 2024
um 20:15 Auer am Gymnase vun der Coque

Spezial 🎟 Virverkaf fir d’Memberen a Frënn vun der FLH (bis 29. September)
Duerno Virverkaf fir de « Grand Public » (Lëtzebuerg a Kroatien) ab 1. Oktober 2024

Well mir dervun ausginn, dass fir dee Match all d’Sëtzplazen ausverkaaft wäerte sinn, bidde mir eise Memberen a Supporteren en 🎟 Extravirverkaf un.

Wéi fonctionéiert dat ❓
Dir frot bei ärem Veräi fir e Promocode ze kréien. Mat deem Code kënnt dir da Maximum 2 Ticketen (Erwuessen an oder Kanner) buchen.
Buche kënnt dir iwwert dëse Link (a just iwwert dëse Link) : http://www.ticket-regional.de/qualifiersflh26

Et si just Plazen an de Bléck D, E an F ze buchen. De Code, deen dir vun ärem Veräi kritt, musst dir dann an dat Feld „Mitglieds- oder Vorteilsnummer“ asetzen.

Präis vun den Ticketen :

💺Sëtzplazen :
Erwuessener 20,00 Euro
Kanner < 6 Joer um Schouss vun den Elteren si gratis, an deem Fall mussen d’Elteren awer den Ticket « Schosskarte » buchen (fir 20,00 Euro)
Kanner mat eegener Sëtzplaz 10,00 Euro

🧍Stéiplaze : (awer eréischt ab Phase 2 ze buchen)
Erwuessener 15,00 Euro
Studenten 10,00 Euro
Kanner (manner 18 Joer) gratis

Also maacht Iech bäi, an der 1. Phase si just 592 Plazen am Virverkaf,
an ab der 2. Phase (184 Plazen) geet et héchstwarscheinlech och ganz séier mam Verkaf.

Chev Partenaires