Handballcamp

Vum 11. – 13. Abrëll 2024  ass den 2. THW Handball-Camp fir Jugendspiller an der Sportshâl (rue Joseph Merten) an an der Sportshâl vum NEP (Nouvelle Ecole Primaire, Place Stehres) fir U13 Jongen, U14 Méedercher, U17 Méedercher an U17 Jongen. Den 11. an 12. Abrëll 2024 sin och 2 Trainingsunitéiten fir U21 Jongen geplangt. Bis zum 31. Dezember 2023 hun Spiller(innen) vum CHEV Handball Prioritéit bei den Umeldungen.

THW Handball Camp fir U13 Jongen, U14 Méedercher, U17 Méedercher an U17 Jongen vum 11. – 13. Abrëll 2024.

  • U17 (Méedercher & Jongen) „Centre Sportif“ (roud Hâl), rue Joseph Merten, L-9257 Diekirch
  • Fir U13 (Jongen) & U14 (Méedercher) am „NEP“ (Sporthalle Nouvelle Ecole Primaire), Place Stehres, L-9226 Diekirch

Trainingszäiten an den 2 Sportshâlen

  • 09h30 Rendez-vous an der Sportshâl
  • 10h00 – 12h00  Training
  • 12h00 – 14h00 Mëttespaus & Iessen an der Dikkricher Stuff
  • 14h00 – 16h00 Training
  • Samsdeg, 13. Abrëll – Oofschlossmätch ënnert den Participant’en

Du bas ugemellt, wanns du bis den 31. Dezember 2023 den Montant op den Konto vum CHEV Handball iwwerwisen hues:

  • 175€ fir Memberen vum CHEV Handball Dikrich, oder
  • 200€ fir Nët-Memberen
  • Konto: BCEE – LU46 0019 3000 0359 2000
  • Vermierk: Handballcamp 2024 + Numm vum Spiller(in)

Am Präis vun der Umeldung ass och eng THW Handball-Camp-Ausrüstung abegraff. Déi kann ganz einfach iwwert eisen Formular ënnen op der Säit bestallt gin.

THW Handball Camp fir U21 Jongen den 11. & 12. Abrëll 2024.

  • U21 Jongen am „Centre Sportif“ (roud Hâl), rue Joseph Merten, L-9257 Diekirch
  • 16h30 Rendez-vous an der Sportshâl
  • 17h00 – 19h00  Training

D’Participatioun un den 2 Trainingsunitéiten ass gratis. Fir mat ze maachen, brauchs du just den Online-Formular ënnen op der Säit bis zum 31. Dezember 2024 auszefëllen.

Wanns du och un enger THW Handball-Camp-Ausrüstung intresséiert bas, brauchs du just 50€ op den Konto vum CHEV Handball ze iwwerweisen an am Online-Formular bei denger Umeldung deng Ausrüstung aus ze wielen.

  • Konto: BCEE – LU46 0019 3000 0359 2000
  • Vermierk: Handballcamp 2024 + Numm vum Spiller(in)

Chev Partenaires