CHEV - NEWS

Lousgléck fir eis Dammen an der
1/4 Finale

An der Paus vum Lännermätch Lëtzebuerg - Litauen sin 1/4 Finalen vun der Coupe de Luxembourg gezun gin. Eis Dammen kréien d'Héemrecht zougeloust an mam Standard och een méi einfachen Géigner.

Gespillt gët den Weekend vum 1. & 2. Dezember.

Schnuppertraining
fir Kanner vun 6 - 15 Joër

Handballzeitung N°3

Dësen Weekend ass ët den 3. Héemmätch fir eis Häeren géint d'Red Boys (20h15) an vun eisem Dammen och géint Red Boys (18h00) an der Dikricher Sportshâl. Bei dëser Geléenheet ass ët dann och déi 3. Ausgab vun eiser Handballzeitung.

Mir soën eisen Annonceuren, Donateuren an Sponsoren villmols MERCI fir hir Ënnerstëtzung.

Handballzeitung N°3 vum 13.10.2018

Retrait U19 Jongen

Leider war ët nët méiglig, d'U19 Jongen richtig un d'Laafen ze kréien. Den Asaatz, virun allem bei den Spiller, huet ze wënschen iwwrig gelooss an esou hun mir schwéieren Häerzen mussen d'Equipe aus dem Championnat zréck zéien.

Journée de l'Arbitrage
29. & 30. September

Léif Sportsfrënn,

Dësen Weekend steet besonnesch am Zeechen vun den Arbitteren, déi oft am Mëttelpunkt vun der Kritik stinn an deenen hir heiandsdo onpopulär Décisiounen oft kritiséiert ginn, mol zu Recht, mol zu Onrecht.

De Sport brauch awer all seng Acteuren an zu deene gehéiren och d’Arbitter, déi sech Match fir Match de Kritike vun de Sportler, de Veräinsresponsablen an de Spectateure stellen an op eng neutral Manéier derfir suergen, dass e Match sou gerecht wéi méiglech iwwert d’Bühn ka goën.

Keen ass perfekt an net all Décisioun ass ëmmer richteg, mee et soll ee probéiren a géigesäitegem Respekt mateneen ëmzegoën an de lëtzebuerger Sport esou op eng fair a konstruktiv Manéier weider ze brengen.

Desen 2e Weekend de l’Arbitrage stét de Recrutement vun neien Arbitteren ganz am Mettelpunkt ; an dénen 5 Federatiounen get et jeweils e groussen Manktum un Arbitteren; komm mir hellefen alleguer zesummen, dass mer esou schnell wie meiglech genuch Arbitteren rekrutei’ren an dass desem Manktum vun Arbitteren endlech en Enn gesât get.


D’Arbitteren vum Basketball, Handball, Volleyball, Football an Deschtennis.

#wewantyou

#norefnogame


Den Moien war eng Formatioun fir Jeunes Arbitter. Vum CHEV waren mat dobäi den Lex Frauenberg, Félix Frauenberg, Jannik Michels, Yordi Rodriguez, Ben Kirsch an Jean-Luc Brand. Mir wënschen hinnen vill Fréed an Erfolleg beim Päifen vun eisen Jugendequippen.

Handballmagazin September

Och dës Saison gët ët nees den LetzHandmag vun der FLH. D'Editioun vum September könnt dir hei kucken!

Supporterkaart

Och an der neier Handballsaison proposéiert den CHEV Handball séngen Supporter eng Supporterkaart zum Präis vun 100 €. D'Supperkaart gët Accès zu allen Championnatsmätcher vun eisen Dammen an Häeren an der Dikricher Sportshâl.

Fir d'Supporterkaart ze kréien, kann een eng Mail maachen op office@chev.lu an een Virement vun 100€ op d'Kontonummer BCEE LU46 0019 3000 0359 2000.

D'Supporterkaart gët dann an der Entrée bei den Dammen- an Häerenmätcher ausgehändigt.